Batter Heem-Nidderlag géint ROUSPERT !

20th October 2024

club logo

US Hostert

image

Eng batter Nidderlag musse mir doheem  astiechen. Ouni onsen Top-Goolgetter Kenan AVDUSINOVIC (9 Goler) haate mir Problemer am Ugreff Drock ze machen. Mee och ons Defense wor haut net op der Héicht, esou dass den Erfollech fir Rouspert voll an d'Reih geet. Mir hun awer nie opgin an dem Diogo FERNANDES gelëngt ganz zum  Schluss den verdëngten Eieregol matt sengem 1. Saisongol.
En erfreelechen Moment gouf et an der 82. Minutt wi den 16 Joer an 10 Deeg jonken Rodrigo FERNANDES agewiesselt gëtt an soumadder der jëngsten Spiller vun allen Zäiten an der BGL-Ligue gëtt.
Mir wënschen dem Rodrigo eng erfollechräich an lang Karriär a nach vill Matcher mam USH!