Nidderlaag am Optaktmatch, mee gudd Moral bewisen !

4th August 2024

club logo

US Hostert

image

Nodeems mir di 1. Halschent nach net an der BGL-Ligue ukomm woren, weist ons Equipp an der 2. Halschent eng Topmoral an haett baal en 3-Goler-Rëckstand  (0-3) nach opgeholl.
Um Enn verléieren mir awer knapps 3-4 an engem flotte Match wou Zuschauer eppes gebuede kruuten.
Vrun allem am Defensivberäich muss den USH sech nach fannen a stabiliséieren.
Et wor dest di 1. Nidderlaag am Championnat no 8 Matcher erem.
E nexte Sonndeg empfänke mir den Tabelleleader HESPER zu Hueschtert.