AG vum FC US HOSTERT (10. Juli 2024)

17th July 2024

club logo

US Hostert

 Réckbléck op d’AG vum FC US HOSTERT vum 10.7.2024

Eng iwerschaubar Unzuel u Memberen haat sech « A Schommesch » fir di 78. AG vun onsem Veräin versammelt.

Den direkten Opstieg vun der 1. Equipp an d’BGL-Ligue am Barrage-Match géint den UN Kärjeng (3-1 n.V.)  wor den sportlechen Highlight vun der leschter Saison. Et wor den 7. Erfollech am 7. Barragematch zanter 2003 an den USH bleiwt soumadder den « Roi des Barrages » vm lëtzebojer Fussball.

Next Saison steet den Klubb fir d’9. Kéier zanter 2011 an der BGL-Ligue. E groussen Erfolleg fir e Veräin aus enger dach relativ klenger Gemeng (di 3. klengst an der BGL-Ligue 2024/25).

Och bei der Jugend gouf et schéin Erfollecher mam Opstieg vun de Minimes an Cadets an 1. Klass. Minimes haaten sech och fir d’Finall vum Lalux-Futsal an der Coque qualifizéiert.

Sportlech wor di lescht Saison demno iweraus erfollegräich.

Leider zéien och liicht Wolleken op.

Finanziell gouf et am Joer 2023 fir d’éischte Kéier zanter 2010 en Defizit (55.000€) wëngst engem Abroch vun de Recettes (517.000€) bei stabilen Depenses (572.000€) . Verschidden onglécklech Emstänn woren heifir responsabel an di next Joren muss erem mi verstärkt op en Ausbau vun de Recettes geschafft gin.

Allerdéngs konnt di lescht 13 Joren awer och en finanziellt Polster opgebaut gin, esou dass d’Liquiditéit vum Veräin nach ëmmer positiv ass.

Et soll dofir och elo keng Kiezungen bei den Haaptausgaben, Seniorsequipp an Jugendaarbecht, gin. Ziil ass fir weider an der BGL-Ligue ze bleiwen an ons Formatioun vun eegenen Jugendspiller weider ze verbesseren an den neien Ufuederungen unzepassen (Qualitéit, diploméiert Traineren, méi administrativen Opwand).

Fir Saison 2024/25 gin dann och glāich 5 Nowuesspiller an de Kader vun de Seniors erugefouert, resp. agebaut, daat niewt 2 aaneren fréieren Nowuesspiller di bei den USH zereckkomm sin.

Den USH ass sech senger Verantwortung vàv vu sengen iwer 500 Memberen an och senger sozialer Aufgab an der Gemeng bewosst a wärt dofir och säi Budget genee am Aa behaalen.

En aaneren « Chantier ». fir di next 2 Saisons sin d’Embauaarbechten um stade Jos Becker. De Komplex vun 2004 gëtt renovéiert, moderniséiert an ausgebaut, waat dem Verāin natiirlech en enormen Plus wärd brëngen a wouriwer jiddereen begeeschtert ass.

Allerdengs gin et an desen 2 Joer och gréisser praktesch an finanziell Aboussen well Tribune, d’Buvette an d’Vestaires net mi kēnnen genotzt gin. Zesumme matt der Gemeng Nidderaanwen probéiert de Veräin di bescht Léisungen ze fannen fir d’Spiller, d’Equippen an den Public esu gudd wi méigleg ze empfänken.

Daat weiderhin um Grasterrain (Seniors) an um 2. Terrain (synthétique) fir ons Jugend, wou elo och d’Containervestaires opgeriicht goufen.

Och no de Renovatioun (2026+) bleiwt den Problem vun den Terrains awer bestoen, well den Wuesterrain nëmmen begrenzt notzbar ass fir 1. Equipp. All aaner Equipoen bleiwen weiderhin um 2. Terrain an der Steekaul Feidt fir hiir Traininger a Matcher. Bei 14 Equippen an enger ëmmer mi grousser Unzuel u Spiller sin normal Trainingsconditiounen net mi permanent gin.

Esou ass et och leider net méigleg, fir Meedechers- an Dammenequippen opzehuelen.

Den Veräin huet eng Demande bei der Gemeng eragin, dass den Grasterrain durch en 2. syntheteschen Terrain ersaat soll gin, fir den US Hueschtert net an senger Entwécklung ze bremsen. 

D’AG huet och decidéiert fir d’Cotisatiounen fir membres licenciés joueurs op 250€ ze héigen, waat der Entwécklung an de leschten 10 Joer un steigenden Trainerkäschten a soss Ausgaben entsprëcht an och der normaler Moyenne vun villen aaneren Verāiner entsprëcht.

Et goufen och Walen fir den Comité wou mam Alex KOOB e neien Member gewielt gin ass. Den Marc VANOLST gouf als cooptéierten Member vun der AG elo als Member confirméiert.

Donieft goufen folgend Memberen fir 2 weider Joer confirméiert:

Jacques WOLTER, Pit HANSEN, Yves GILBERTZ, Steve MULLER, Marc KONSBRUCK, Henrik SJÖSTRÖM, Metty CUNGS, Roger STEYER,.

Aaner Memberen bleiwen:

Gast SCHON, Paul GREIS, Laurent SCHLAMMES, Carlo DUPREL a Steve SCHONS.

Aus dem Comité demissionneiert hun:

Thierry SCHON, Yves SCHULLER.

E grousse Merci gouf et fir d’membres sortants fir hiir Aarbecht iwert di lescht Joren.

Di 14 Memberen wärten an der nexter Sëtzung d’Posten am Comité an un der Spëtzt vum Veräin opdeelen.

image